D'Vera Seitz huet eng nei Aarbecht an der neier lëtzebuergescher Nationalbibliothéik fonnt, wou hatt fir Ateliere responsabel ass, déi de Schoulen an de Schüler bei hire Projeten hëllefen. Hatt huet och en neie Büro, am ultramoderne Gebai, dat mat Hëllef vun der Europäescher Investitiounsbank finanzéiert gouf.

D'Vera Seitz huet an der Schwäiz studéiert fir Enseignant ze ginn. Awer no fënnef Joer zu Lëtzebuerg ass hatt en neie Bierger mat enger neier Carrière. Mat 29 Joer schafft hatt elo an der Nationalbibliothéik am neie Gebai um Kierchbierg, dat offiziell den 1. Oktober seng Diere fir de Public opmécht.

"Wéi ech eng nei Aarbecht gebraucht hunn, hunn ech eppes gesicht, dat anescht a gläichzäiteg awer ähnlech war an hei an der Nationalbibliothéik kann ech meng Fäegkeete wierklech notzen", erkläert hatt.

Mat sengem Master an Educatioun fir de Secondaire, mat Fokus op Sproochen, Didaktik, Pädagogik a Psychologie, organiséiert d'Vera Ateliere fir de Schoulen an de Schüler ze hëllefen, ze verstoen, wéi de System vun der Bibliothéik fonctionnéiert. D'Leit staunen oft iwwer d'Quantitéit u Material, dat am Internet an an der Bibliothéik disponibel ass, déi d'kulturellt Ierwe vu Lëtzebuerg konservéiert a méi wéi 1,8 Milliounen Dokumenter enthält.

D'lëtzebuergesch Nationalbibliothéik an d'liewenslaang Weiderbildung gi vun der EU ënnerstëtzt

Et ass schwéier, kulturell Institutiounen ze finanzéieren, mä d'Nationalbibliothéik huet ambitiéis Ziler. Niewent Atelieren, plangt d'Personal och Aktivitéite fir d'liewenslaang Weiderbildung a Seminairen zu Theme wéi falsch Noriichten detektéieren oder zouverléissegen Inhalt identifizéieren.

D'Regierung investéiert 679 Milliounen € fir Educatiounsprojeten, dorënner e Prêt vun 300 Milliounen € vun der Europäescher Investitiounsbank, der EU hirer Bank. Dat ass fundamental fir de Finanzement vun der Nationalbibliothéik.

D'Europäesch Investitiounsbank, der EU hir Bank, ënnerstëtzt Millioune vun Aarbechtsplazen a ganz Europa. Et gëtt erwaart, dass bis 2021, d'Investitiounen, déi vum EIB-Grupp eleng 2017 ënnerschriwwe goufen, de PIB vun der EU ëm 1,1 % erhéijen an 1,2 Milliounen Aarbechtsplaze schafen. Souguer 2036 gëtt et nach eng Hausse vum EU-PIB vun 0,7 % als Konsequenz vun der EIB hiren Investitioune vun 2017, souwéi 650.000 zousätzlech Aarbechtsplazen.