>@Getty Images
© Getty Images

Den zweeten Deel vun der EIB-Klimaëmfro 2021−2022 ënnersicht d’Usiichte vun de Mënschen zum Klimawandel an enger sech séier verännerender Welt. D’Resultater vun dëser Editioun konzentréiere sech op d’individuellt Verhale vun de Bierger an d’Moossnamen, déi se zur Bekämpfung vum Klimawandel ergräifen.

  • 78 % vun de Belsch an Hollänner a 70 % vun de Befroten zu Lëtzebuerg sinn der Meenung, datt se alles maachen, fir de Klimawandel an hirem deegleche Liewen ze bekämpfen (EU-Duerchschnëtt: 78 %), awer d’Majoritéit mengt, datt hir Landsleit net dat selwecht maachen
  • 63 % vun de belschen, 62 % vun den hollänneschen an 51 % vun de lëtzebuergeschen Autokeefer ginn un, beim nächste Kaf vun engem Gefier entweeder en Hybrid- oder Elektroauto ze wielen (EU-Duerchschnëtt: 67 %), wärend sech de Rescht ëmmer nach fir e Bensinn- oder Dieselauto entscheede géif
  • 63 % vun de jonke Belsch, 58 % vun de jonken Hollänner, 55 % vun de jonke Lëtzebuerger ginn un, datt se bei der Auswiel vun engem Vakanzenzil de Klimawandel berücksichtegen (EU-Duerchschnëtt fir 15- bis 29-Järeger: 69 %). An Tëschenzäit gi 56 % vun de jonke Leit an der Belsch, 57 % an Holland a 64 % zu Lëtzebuerg un, datt se den nächste Summer fléie wëllen (EU-Duerchschnëtt: 52 %).
  • 56 % vun de jonke Belsch, 51 % vun de jonken Hollänner a 36 % vun de jonke Lëtzebuerger berücksichtegen de Klimawandel, wa se eng Aarbecht sichen. (EU-Duerchschnëtt fir 15- bis 29-Järeger: 54 %)
  • 57 % vun de jonke Belsch, 46 % vun de jonken Hollänner an 38 % vun de jonke Lëtzebuerger kafe scho Second-Hand-Gezei amplaz neies. (EU-Duerchschnëtt fir 15- bis 29-Järeger: 54 %)

Dëst sinn e puer vun de Resultater vun der zweeter Ausgab vun der Klimaëmfro 2021 – 2022, déi haut vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB) verëffentlecht gouf. D’EIB ass d’Finanzéierungsinstitutioun vun der Europäescher Unioun an de weltwäit gréisste multilaterale Kreditgeeber fir Klimaschutzprojeten.

Hybrid- an Elektroautoe wäitaus méi gefrot ewéi Bensinn- oder Dieselgefierer

Op d’Fro no zukünftegen Autokeef ginn 63 % vun de belschen Autokeefer un, datt se entweeder en Hybrid- oder Elektroauto kafe géifen. Dës Zuel läit 26 Punkten iwwer dem Prozentsaz vun de Belsch, déi uginn hunn, datt se en Diesel- oder Besinngefier kafe géifen (37 %) an entsprécht dem Benelux-Duerchschnëtt (62 %), awer e bësse méi héich ewéi den EU-Duerchschnëtt (67 %). Méi genee gesot géifen 39 % vun de Befroten en Hybridgefier kafen a 24 % géife sech fir en Elektrogefier entscheeden.

Änlech wéi an der Belsch ginn 62 % vun den hollänneschen Autokeefer un, sech fir en Hybrid- oder Elektroauto ze entscheeden. Dës Zuel läit 24 Punkten iwwer dem Prozentsaz vun den Hollänner, déi uginn hunn, datt se en Diesel- oder Besinngefier kafe géifen (38 %) an entsprécht dem Benelux-Duerchschnëtt (62 %), awer e bësse méi héich ewéi den EU-Duerchschnëtt (67 %). Méi genee gesot géifen 29 % vun de Befroten en Hybridgefier kafen a 33 % géife sech fir en Elektrogefier entscheeden.

Awer 51 % vun de lëtzebuergeschen Autokeefer ginn un, datt se entweeder en Hybrid- oder Elektroauto kafen. Dës Zuel läit nëmmen zwee Punkte méi héich ewéi de Prozentsaz vun deenen, déi gesot hunn, datt se en Diesel- oder Bensinngefier (49 %) wiele géifen. Se läit och 16 Punkten ënner dem EU-Duerchschnëtt (67 %) an 11 Punkten ënner dem Benelux-Duerchschnëtt (62 %). Méi genee gesot géifen 31 % vun de Befroten en Hybridgefier kafen an 20 % géife sech fir en Elektrogefier entscheeden.

An Tëschenzäit ginn 10 % vun de Belsch insgesamt un, datt se den Ament kee Gefier hunn an net plangen, e Gefier ze kafen, am Verglach zu 13 % vun den hollännesche Befroten a 5 % vun de Leit zu Lëtzebuerg (EU-Duerchschnëtt: 13 %, Benelux-Duerchschnëtt: 11 %).

Mat 62 % vun den Autokeefer an de Benelux-Länner, déi uginn, datt se sech fir en Hybrid- oder Elektrogefier entscheede géifen, schéngen d’Leit am Verglach zu den Däitschen (52 %) zum Beispill éischter zu neien Autotechnologien wiesselen ze wëllen, wärend se genee esou vill dozou tendéieren, dës Gefiertyppen ze wielen ewéi d’Fransousen (61 %).

Méi genee gesot, schéngen Autokeefer an de Benelux-Länner éischter dozou ze tendéieren, Hybridgefierer ze wielen, woubäi 33 % vun hinnen uginn, datt hiren nächsten Auto dëse Motortyp huet. Se schénge sech éischter fir Hybridautoen ze entscheeden ewéi däitsch Autokeefer (29 %), wärend franséisch Autokeefer éischter un engem Hybrid interesséiert sinn (38 %).

Autokeefer an de Benelux-Länner schéngen éischter dozou ze tendéieren, en Elektroauto ze kafen (29 %) ewéi hir däitsch (23 % a franséisch (23 %) Noperen.

Am Allgemenge bevirzuchen europäesch Autokeefer Hybridgefierer (39 %), wärend Bensinn- oder Dieselgefierer déi zweet Plaz (33 %) an Elektroautoen déi drëtt Plaz (28 % ginn un, datt se en Elektroauto kafe géifen) beleeën. Wärend d’Chineesen am meeschten dozou tendéieren, en Elektroauto ze kafen (44 %), géife sech d’Amerikaner fir d’éischt fir en Hybridgefier entscheeden (38 %), gefollegt vun engem Benzin- oder Dieselgefier (33 %), dann engem Elektroauto (29 %).

>@EIB

Klimaschutz géint an d’Vakanz fléien

60 % vun de Belsch ginn un, de Klimawandel bei der Wiel vun hirem Vakanzenzil ze berücksichtegen, am Verglach zu 55 % vun den Hollänner a 56 % vun de Lëtzebuerger (EU-Duerchschnëtt: 67 %, Benelux-Duerchschnëtt: 57 %). Dës Suerg ass bei de 15- bis 29-Järege méi staark oder gläich (63 % vun de Belsch, 58 % vun den hollännesche Befroten, 55 % vun lëtzebuergesche Befroten, EU-Duerchschnëtt vun de 15- bis 29-Järegen: 69 %)  Allerdéngs gëtt eng Majoritéit vun de 15- bis 29-Järegen (56 % vun de Belsch, 57 % vun den Hollänner, 64 % vun de Lëtzebuerger) ginn un, datt se 2022 an hir Summervakanz fléie wëllen (EU-Duerchschnëtt fir 15- bis 29-Järeger: 52 %). Zousätzlech gi 27 % vun de jonke Belsch, 33 % vun de jonken Hollänner a 44 % vun de jonke Lëtzebuerger un, datt se bei der Auswiel vun engem Vakanzenzil de Klimawandel berücksichtegen (EU-Duerchschnëtt fir 15- bis 29-Järeger: 27 %).

Gezei kafen, eng Aarbecht sichen, sech fir eng Bank entscheeden: Wéi Klimaaspekter d’Entscheedunge vun de Leit beaflossen

43 % vun de Belsch, 37 % vun den Hollänner a 26 % vun de Lëtzebuerger ginn un, datt se Second-Hand-Gezei amplaz neies kafen (EU-Duerchschnëtt: 42 %, Benelux-Duerchschnëtt: 39 %). Fir d’Belsch ass dëse Wäert bei de 15- bis 29-Järegen am héchsten (57 % ginn un, datt se scho Second-Hand-Gezei kafen) an hëlt mam Alter of (43 % bei den 30- bis 64- an 30 % bei den iwwer 65-Järegen). Bei den Hollänner ass dës Praxis besonnesch bei de 15- bis 29-Järegen (46 %) beléift, wärend d’Zuel bei de Leit iwwer 65 Joer (29 %) ëm 17 Punkte fält. Zu Lëtzebuerg kafe Fraen mat méi grousser Warscheinlechkeet Second-Hand-Gezei ewéi Männer (33 % vun de Fraen am Verglach zu 19 % vun de Männer). 54 % vun de 15- bis 29-Järegen an der EU ginn un, datt se Second-Hand-Gezei kafen, am Verglach zu 42 % vun den 30- bis 64-järege Befroten an 28 % vun den iwwer 65-Järegen. Fraen an der EU kafen éischter Second-Hand-Gezei ewéi Männer (48 % vun de Fraen am Verglach zu 34 % vun de Männer).

44 % vun de Belsch, 41 % vun Hollänner a 26 % vun de Lëtzebuerger berücksichtegen de Klimawandel, wa se eng Aarbecht sichen (EU-Duerchschnëtt: 43 %, Benelux-Duerchschnëtt: 42 %). Dat gëllt besonnesch bei de belsche 15- bis 29-Järegen: 56 % vun hinne berücksichtegen de Klimawandel bei der Aarbechtssich, verglach mat 41 % vun den 30- bis 64-Järegen (15 Punkte méi niddereg). Dat ass och de Fall fir hollännesch 15- bis 29-Järeger: 51 % vun de jonke Leit berücksichtegen de Klimawandel bei der Aarbechtssich, verglach mat 39 % bei den 30- bis 64-Järegen (12 Punkte méi niddereg). Obwuel d'Gesamtzuel vun de Befroten zu Lëtzebuerg 17 Punkten ënner dem EU-Duerchschnëtt vun 43 % läit, bleift dat bei de 15- bis 29-Järegen de Fall: 36 % vun de jonke Lëtzebuerger berücksichtegen de Klimawandel bei der Aarbechtssich (dat sinn ëmmer nach 18 Punkten ënner dem EU-Duerchschnëtt vu 54 % fir dësen Altersgrupp).

Allgemeng gesi berücksichtegen 39 % vun de Belsch, 40 % vun den Hollänner a 34 % vun de Lëtzebuerger de Klimawandel, wa se se hir Bank wielen oder hir Erspuernesser investéieren (EU-Duerchschnëtt: 45 %, Benelux-Duerchschnëtt: 40 %).

De Kris Peeters, Vizepresident vun der EIB erkläert: "Trotz enger klorer Generatiounslück passen d’Leit an de Benelux-Länner hir Mobilitéit an hir Konsumgewunnechten ëmmer méi nohalteg un, fir de Klimawandel ze bekämpfen. Dës Verännerungen am individuelle Verhale weisen, datt d’Leit vun all Alter bereet sinn, sech an hirem deegleche Liewe méi staark ze engagéieren, fir d’Klimakris anzedämmen. Dës Absichte goufen am COP26 geäussert a sinn e kloren Indicateur fir d’Ënnerstëtzung vun eise Beméiungen, de gréngen Iwwergang ze fërderen. Als EU-Klimabank gehéiert et zu de wichtegsten Aufgabe vun der EIB, innovativ Projeten ze finanzéieren, déi sech op d’Elektromobilitéit konzentréieren, esouwéi aner nohalteg Mobilitéitsléisungen, déi dozou bäidroen, eng entkarboniséiert Zukunft ze schafen."

De stellvertriedende Generalsekretär vun der Benelux-Unioun, Frans Weekers, huet erkläert: "D’Energie- a Klimawend ass eng Prioritéit vun der lëtzebuergescher Presidentschaft vun der Benelux-Unioun am Joer 2022. D’Resultater vun der Ëmfro vun der EIB verdäitlechen, datt mir niewent den Aktiounspläng och weiderhin doru schaffe mussen, d’politesch Entscheedungen an déi entspriechend Projeten ze erklären. Dozou organiséiere mir beispillsweis theematesch Veranstaltungen zu Solar- a Wandenergie mat eisem Netzwierkexpertis vum Benelux an entwéckelen eis Benelux-Klimaplattform, déi mir kierzlech op der COP26 gestart hunn. Konkret vereinfache mir och d’Weiderverfollegung vun de plëtzlechen Iwwerschwemmunge vum leschte Summer a mir schaffen onermiddlech dorun, grenziwwerschreidend elektresch Luedinfrastrukturen ze implementéieren."

Luet d’Excel-Tabell mat de Réidate vun allen 30 befrote Länner hei erof. Klickt wgl.hei, fir den EIB-Internetsite opzeruffen, op deem déi wichtegst Resultater vun der EIB-Klimaëmfro IV virgestallt ginn.

Iwwer d’EIB-Klimaëmfro

D’Europäesch Investitiounsbank huet déi véiert Editioun vun der EIB-Klimaëmfro gestart, déi eng grëndlech Bewäertung vun der Astellung vun de Mënschen zum Klimawandel duerstellt. Déi véiert Editioun vun der EIB-Klimaëmfro, déi an Zesummenaarbecht mat der Maartfuerschungsentreprise BVA duerchgeféiert gëtt, soll déi méi breet Debatt iwwer Astellungen an Erwaardungen am Hibléck op de Klimaschutz ureegen. Tëschent dem 26. August an dem 22. September 2021 hu méi ewéi 30 000 Befroter un der Ëmfro deelgeholl, mat engem representative Panel fir jiddwereent vun den 30 befrote Länner.

D’Europäesch Investitiounsbank

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen a befënnt sech am Besëtz vun den EU-Memberstaten. D’EIB vergëtt laangfristeg Finanzéierungsmëttel fir zolidd Projeten, déi den Ziler vun der EU esouwuel an Europa an doriwwer eraus entspriechen. D’Europäesch Investitiounsbank ass a ronn 160 Länner aktiv an ass de weltwäit gréisste multilaterale Kreditgeeber fir Klimaschutzprojeten. Den EIB Group huet viru kuerzem hire Fuerplang fir d’Klimabank verofschitt, fir hir éiergäizeg Agenda ëmzesetzen, mat där se an den zéng Joer bis 2030 Investitiounen an de Klimaschutz an d’ecologesch Nohaltegkeet an Héicht vun 1 Trillioun Euro ënnerstëtzen a bis 2025 méi ewéi 50 % vun den EIB-Mëttel fir de Klimaschutz an d’ecologesch Nohaltegkeet bereetstellt ginn. Am Kader vum Fuerplang goufen zanter Ufank 2021 och all nei Operatioune vun der EIB Group un den Ziler a Grondsätz vum Paräiser Ofkommes ausgeriicht.

Iwwer BVA

BVA ass eng Meenungsfuerschungs- a Berodungsentreprise, déi als eng vun den innovativste Maartfuerschungsentreprisen a hirer Branche unerkannt ass. BVA ass op Verhalensmarketing spezialiséiert a kombinéiert Daten- a Sozialwëssenschaft, fir Daten inspiréierend ze gestalten an d’Liewen ze ruffen. BVA ass och Member vum Worldwide Independent Network (WIN) fir Maartfuerschung, engem globalen Netzwierk vu e puer vun de féierende Maartfuerschungs- an Ëmfroentreprisë mat iwwer 40 Memberen.

Iwwer d’Benelux-Unioun

Benelux ass eng Zesummenaarbecht, déi iwwer d’Grenzen tëschent de Belsch, den Hollänner an de Lëtzebuerger erausgeet. Zil vu Benelux ass et, eng Regioun ouni Grenzen ze sinn, déi d’Wuelergoen, d’Mobilitéit, d’Sécherheet an d’nohalteg Entwécklung vun alle verbessert. Domat ass Benelux den ideale Labo, fir d’europäesch Integratioun virunzedreiwen. D’Generalsekretariat vun de Benelux-Staten ass den Zentrum vun dëser Zesummenaarbecht. En initiéiert, ënnerstëtzt a suergt fir dës Zesummenaarbecht.