>@stockpexel/Shutterstock
©stockpexel/ Shutterstock
  • D’klammend Liewenshaltungskäschten a Verbindung mat Klima- an Ëmweltbedenke sti ganz uewen op der Lëscht vun den Erausfuerderungen, déi di Befrot zu Lëtzebuerg fir hiert Land gesinn.
  • Dräi Véierel vun de Befrote mengen, datt den Iwwergang zu enger CO₂‑aarmer Wirtschaft nëmmen erfollege kann, wa gläichzäiteg d’Ongläicheeten ugaange ginn
  • Déi meeschte mengen, datt d’Regierung de betraffene Länner finanziell Entschiedegung fir de Klimawandel, zu deem se net bäigedroen hunn, gewiere sollt.
  • Zwee Drëttel befirwuerten d’Ofschafe vu Subsiden a Steiervergënschtegunge fir de Loftfaartsektor an all Entreprisen, déi staark op fossil Brennstoffer ugewise sinn.

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) huet haut déi sechst Editioun vun hirer Klimastudie gestart. Dëst sinn e puer vun den opfällegste Resultater vun dëser järlecher Erhiewung, déi am August a September 2023 duerchgeféiert gouf. Déi zanter 2018 lafend EIB‑Klimastudie bitt Ablécker an d’Asiichte vun de Mënschen an de wichtegste Vollekswirtschafte weltwäit zum Theema Klimawandel. Méi ewéi 30 000 Befroten an der Europäescher Unioun, de Vereenegte Staaten, China, Indien, Japan, dem Vereenegte Kinnekräich, de Vereenegten Arabeschen Emirater, Kanada a Südkorea. D’EIB ass d’Finanzéierungsinstitutioun vun der Europäescher Unioun an de weltwäit gréisste multilaterale Kreditgeeber fir Klimaschutzprojeten.

No engem weidere schwierege Joer[1], dat net nëmme vun der Inflatioun, mee och vun Hëtztwellen an Dréchente gepräägt ass, si sech d’Leit zu Lëtzebuerg vun den déifgräifenden Auswierkunge vum Klimawandel an der Noutwennegkeet vun direkte Moossnamen zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt laut de Resultater vun der Klimaëmfro vun der EIB bewosst ginn. Wärend déi klammend Liewenshaltungskäschte bei wäitem als déi gréisst Erausfuerderung[2] fir déi Befrot zu Lëtzebuerg ugesi ginn (79 % vun de Befrote gi se fir hiert Land an déi dräi wichtegst Uleien un, 11 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt), kommen d’Auswierkunge vum Klimawandel an d’Ëmweltzerstéierung op zweeter Plaz, 55 % betruechte se als e grousst Uleies (5 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt).

Nofro no engem gerechten Iwwergang am Inland an a betraffenen Entwécklungslänner

D’finanziell Käschten an Auswierkunge vum grénge Wandel dierfte sech op déi privat Stéit auswierken, woubäi déi méi akommesschwaach Stéit am häertste betraff sinn.

Well d’Akommesongläichheete vun de Befroten als drëttgréisst Erausfuerderung agestuuft ginn, fuerderen déi meescht Mënschen zu Lëtzebuerg eng fair Politik fir d’Bewältegung vun der Klimanoutlag. 77 % (am Verglach zu 68 % am Duerchschnëtt an der Europäescher Unioun) ginn un, datt den Iwwergang zu enger CO₂‑aarmer Wirtschaft nëmmen erfollege kann, wa sozial a wirtschaftlech Ongläichheete gläichzäiteg ugaange ginn.

Awer nëmme 40 % vun de Befrote ginn un, datt si der Fäegkeet vun der Regierung vertrauen, esou e fairen Klimawandel duerchzeféieren.

Op d’Fro vun der Entschiedegung fir Entwécklungslänner bei der Bewältegung vun den Auswierkunge vum Klimawandel – déi op der UN‑Klimakonferenz 2023 zu Dubai (COP28) als zentraalt Theema erwaart gëtt – sinn déi meescht Mënschen zu Lëtzebuerg dofir, d’Hëllef iwwer hir Grenzen eraus auszewäiten, fir Länner ze ënnerstëtzen, déi am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn, an e globale gerechten Iwwergang zu enger klimaneutraler a widderstandsfäeger Zukunft sécherzestellen. 58 % vun de Befroten (nobäi dem EU‑Duerchschnëtt vu 60 %, wéi beispillsweis Däitschland, awer 10 Punkten ënner Frankräich) si sech doran eeneg, datt d’Land déi betraff Länner finanziell entschiedege sollt, fir hinne bei der Bekämpfung vum Klimawandel ze hëllefen.


[1] D’Ëmfro gouf zu Lëtzebuerg tëschent dem 7 August an dem 4 September 2023 duerchgeféiert

[2] Déi Befrot hunn déi dräi Erausfuerderungen, déi si als déi gréisst fir hiert Land betruechten, aus enger gemëschter Lëscht vun zéng Erausfuerderungen auswiele mussen: Méi héich Liewenshaltungskäschten, Aarbechtslosegkeet, Klimawandel, Ëmweltzerstéierung, politesch Instabilitéit, Akommesongläichheeten, Zougang zu Gesondheetsversuergung, grouss Migratioun, Cyberugrëff an Terrorismus.

>@Graphic workshop/EIB

Steieren, fir e gerechten Iwwergang ze ënnerstëtzen

D’Ëmfroresultater weisen, datt 53 % vun de Befroten zu Lëtzebuerg (6 Punkten ënner dem EU-Duerchschnëtt vu 59 %) bereet wieren, méi Akommessteier ze bezuelen, fir akommesschwaach Stéit bei der Bewältegung vun de Käschte vun engem gréngen Iwwergang ze hëllefen. 43 % wieren domat averstanen, zousätzlech 1 – 2 % vun hirem Akommes ze bezuelen an 10 % géifen zousätzlech 5 – 10 % akzeptéieren.

Déi meescht Befrot zu Lëtzebuerg hunn uginn, si géifen och aner Aarte vu klimabezunne Steiere befirwuerten. 73 % (1 Punkten ënner dem EU-Duerchschnëtt) hunn zum Beispill uginn, si géifen eng Reform vun der Besteierung vu fossille Brennstoffer befirwuerten, fir Subsiden a Steiervergënschtegunge fir de Loftfaartsektor an aner Branchen, déi staark op fossil Brennstoffer ugewise sinn, ze besäitegen.

Kommentare vum EIB-Vizepresident Kris Peeters:

„D’Leit zu Lëtzebuerg erkennen un, datt en erfollegräichen Iwwergang zu enger klimaneutraler Welt mat der Besäitegung vu sozialen a wirtschaftlechen Ongläichheeten am Inland a weltwäit Hand an Hand geet. Bei der Europäescher Investitiounsbank setze mir eis voll a ganz dofir an, e gerechten Iwwergang ze ënnerstëtzen, dee keen zeréckléisst. Solidaritéit an ëmsetzbar Moossname sinn haut méi wichteg ewéi jee.

Iwwer d’EIB-Klimaëmfro

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) huet elo déi sechst järlech Ausgab vun der EIB-Klimaëmfro ofgeschloss, déi eng grëndlech Bewäertung vun der Astellung vun de Leit zum Klimawandel duerstellt. Déi sechst Editioun vun der EIB-Klimaëmfro, déi an Zesummenaarbecht mat der Maartfuerschungsentreprise BVA duerchgeféiert gëtt, soll déi méi breet Debatt iwwer Astellungen an Erwaardungen am Hibléck op de Klimaschutz ureegen. Méi ewéi 30 000 Befroten  hu vum 7. August bis zum 4. September 2023 un der Ëmfro deelgeholl, mat engem representative  Panneau vu Leit am Alter vu 15 Joer a méi al fir jiddwer eenzelt vun de 35 befrote Länner (EU 27, d’Vereenegt Staaten, China, d’Vereenegt Kinnekräich, Indien, Japan, Südkorea, Kanada an d’Vereenegt Arabesch Emirater).

Iwwer d’Europäesch Investitiounsbank

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen am Besëtz vun den EU‑Memberstaten. Se ass a méi ewéi 160 Länner aktiv a stellt laangfristeg Finanzéierungsmëttel fir zolidd Investitiounen bereet, fir e Bäitrag fir d’Erreeche vun de politeschen Ziler vun der EU ze leeschten. 

  • 2019 huet d’EIB eng aktualiséiert Kreditpolitik am Energieberäich verofschitt, mat där d’Finanzéierung vun alle Projeten am Beräich fossil Brennstoffer, inklusiv Äerdgas, agestallt gouf. D’EIB war déi éischt multilateral Entwécklungsbank, déi dat gemaach huet. 
  • 2021 war d’EIB och déi éischt multilateral Entwécklungsbank, déi hir Finanzaktivitéiten un d’Paräiser Ofkommes ugepasst huet. 
  • Mat hirem Klimabankfuerplang wëll den EIB‑Grupp Investitiounen an der Héicht vun 1 Billioun Euro a Klimaschutz an ekologesch Nohaltegkeet am Zäitraum vum kritesche Joerzéngt 2021 – 2030 ënnerstëtzen. 
  • Ausserdeem verflicht se sech, d’Investitiounen a Klimaschutz an ekologesch Nohaltegkeet bis 2025 op méi ewéi 50 % vun hire järleche Kreditvergaben ze erhéijen (am vergaangene Joer gouf dëst Zil mat 58 % iwwerschratt).

EIB Global ass de d’Spezialeenheet vum EIB‑Grupp, dee sech op Operatioune baussent der Europäescher Unioun  spezialiséiert huet, an ass e wichtege Partner vun der „Global Gateway“-Strategie vun der EU. D’Zil ass, bis Enn 2027 op d’mannst 100 Milliarden Euro un Investitiounen ze ënnerstëtzen, wat ronn engem Drëttel vum Gesamtzil vu Global Gateway entsprécht. Am Kader vun Team Europe fërdert  EIB Global staark, zilgeriicht Partnerschafte mat aneren Entwécklungsfinanzéierungsinstitutiounen an der Zivilgesellschaft. EIB Global bréngt de Grupp iwwer hir Büroen op der ganzer Welt méi no un d’lokal Communautéiten, Entreprisen an Institutiounen erun.

Iwwer BVA Xsight

BVA Xsight ass e Pionéier an der Maartfuerschung a ‑berodung. Mat hire branchespezifesche Kenntnisser a Fäegkeeten analyséieren déi 400 Experten déi eenzegaarteg Facettë vum Liewe vu Privatpersounen. Sie bidden déifgräifend an ëmsetzbar Erkenntnisser, déi d’Entscheedungsfindung an d’Entrepriseleeschtung verbesseren.

BVA Xsight ass esouwuel a Frankräich an international täteg a schafft mat ëffentlechen a privaten Organisatiounen zesummen. BVA Xsight gouf méifach fir seng Innovatiounsfäegkeet ausgezeechent an zeechent sech duerch den Engagement an d’Leidenschaft vu sengen Ekippe fir dëse Beruff aus.

BVA Xsight gouf 1970 a Frankräich gegrënnt an ass eng Entreprise, déi op Missiounen ausgeriicht an Deel vum internationale BVA‑Grupp ass.

Méi iwwer BVA Xsight gewuer ginn: www.bva.fr