>@ Cristian Negroni /Getty Images
© Cristian Negroni / Getty Images

Den éischten Deel vun der EIB-Klimaëmfro 2021−2022 ënnersicht d’Usiichte vun de Mënschen zum Klimawandel an enger sech séier verännerender Welt. D’Resultater vun dëser Verëffentlechung konzentréiere sech op d’Perceptioun vun de Bierger iwwer de Klimawandel an d’Moossnamen, déi si vun hirem Land erwaarden, fir en ze bekämpfen. 

  • 76 % vun de Lëtzebuerger mengen, datt de Klimawandel a seng Follgen déi gréisst Erausfuerderung fir d’Mënschheet am 21. Joerhonnert duerstellen
  • 77 % mengen, datt de Klimawandel en Afloss op hiert deeglecht Liewen huet
  • 66 % mengen, datt d’Land seng CO₂-Emissioune bis 2050 net drastesch reduzéiere kann, wéi am Paräiser Ofkommes versprach
  • 63 % si fir méi streng Moossnamen, déi d’Verhale vun de Mënsche veränneren (2 Punkte méi ewéi d’lescht Joer)
  • 87 % ginn un, datt si Kuerzstreckeflich an Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner duerch séier, ëmweltschounend Zich ersetze wëllen.

76 % vun de Lëtzebuerger mengen, datt de Klimawandel a seng Follgen déi gréisst Erausfuerderung fir d’Mënschheet am 21. Joerhonnert duerstellen. Dës Zuel ënnerscheet sech an de verschiddene Bevëlkerungsgruppe liicht: Vun 73 % bei lëtzebuergesche Männer bis zu 80 % bei lëtzebuergesche Fraen, vun 80 % bei de 15- bis 29-Järege Befroten bis zu 73 % bei de Befroten iwwer 65 Joer. Et gëtt en däitlechen Ënnerscheed tëschent Mënsche mat ënnerschiddleche politeschen Usiichten: 86 % vun de Mënsche mat lénksgeriichte politeschen Usiichte soen, datt de Klimawandel déi gréisst Eru fir d’Mënschheet am 21. Joerhonnert duerstellt, am Verglach zu 67 % vun de Mënsche mat rietsgeriichte politeschen Usiichten.

D’iwwerweiend Majoritéit vun de Lëtzebuerger (77 %) sinn der Usiicht, datt de Klimawandel Auswierkungen op hiren Alldag huet (4 Punkte méi ewéi d’lescht Joer).

Dëst sinn e puer vun de Resultater vun der éischter Verëffentlechung vun der Klimaëmfro 2021−2022, déi de 27. Oktober vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB) verëffentlecht gouf. D’EIB ass d’Finanzéierungsinstitutioun vun der Europäescher Unioun an de weltwäit gréisste multilaterale Kreditgeeber fir Klimaschutzprojeten.

Perceptioun vun der Klimakris: dem Kampf vum Land géint de Klimawandel

D’iwwerweiend Majoritéit vun de Lëtzebuerger (77 %) sinn der Usiicht, datt de Klimawandel Auswierkungen op hiren Alldag huet. Dëst ass zwar besonnesch bei de 15− bis 29-Järegen ausgepräägt, bei Mënschen iwwer 64 Joer sénkt dëse Wäert awer ëm 14 Punkten (71 %) bei de Leit iwwer 64 Joer. 82 % vun de Mënsche mat lénksgeriichte politeschen Usiichte soen, datt si d’Auswierkungen an hirem Alldag spieren, wat 15 Punkte méi héich ass ewéi bei deejéinege mat rietsgeriichte politeschen Usiichten (67 %).

66 % mengen, datt si sech méi ëm d’Klimanoutlag këmmeren ewéi hir Regierung. Als Konsequenz si si méi skeptesch a Bezuch op d’–vun hirem Land, sech engem éiergäizege gréngen Iwwergang ze ënnerzéien. Nëmme 34 % mengen, datt Lëtzebuerg seng CO₂-Emissioune bis 2050 erfollegräich drastesch reduzéiere kann, wéi am Paräiser Ofkommes versprach. D’Majoritéit (66 %) ass der Usiicht, datt Lëtzebuerg seng Reduktiounsziler fir CO₂-Emissiounen net erreecht. 68 % vun de Mënsche mat lénksgeriichte politeschen Usiichten deelt dëse Pessimismus, dat si 7 Punkte méi héich ewéi d’Zuel vun de Mënsche mat rietsgeriichte politeschen Usiichten (61 %).

Als Konsequenz ass d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger (63 %) dohier fir méi streng Moossnamen – änlech wéi déi zur Bekämpfung vun der COVID-19-Kris – déi d’Verhale vun de Mënsche verännere géifen (sechs Punkte méi héich ewéi d’lescht Joer (57 %)).

Wärend nëmmen 8 % vun de Lëtzebuerger mengen, datt d’global Erwiermung net op mënschlech Aktivitéiten zeréckzeféieren ass. Nëmme 6 % vun de Lëtzebuerger mat lénksgeriichte politeschen Usiichte mengen, datt d’global Erwiermung net op mënschlech Aktivitéiten zeréckzeféieren ass, wat 6 Punkten ënner der Zuel vun de Mënsche mat rietsgeriichte politeschen Usiichte läit (12 %).

D’Energiedebatt

Op d’Fro no der Energiequell, op déi sech hiert Land zur Bekämpfung vun der globaler Erwiermung verloosse sollt, schwätzt sech d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger fir erneierbar Energien aus (58 %, 5 Punkten ënner dem EU-Duerchschnëtt vun 63 %), fir d’Klimanoutlag unzegoen. D’Ënnerstëtzung fir erneierbar Energien a Lëtzebuerg ass bei Mënschen ënner 30 Joer staark ausgepräägt (67 % sinn dofir). Dëse Wäert sénkt bei Persounen iwwer 64 Joer (50 %) ëm 17 Punkten. Lëtzebuerger mat lénksgeriichte politeschen Usiichten ënnerstëtzen erneierbar Energië méi staark ewéi déijéineg mat rietsgeriichte politeschen Usiichten (59 % géintiwwer 50 %, en Ënnerscheed vun 9 Punkten).

D’lëtzebuergesch Bevëlkerung ënnerstëtzt d’Atomenergie insgesamt manner ewéi aner Europäer (6 % géintiwwer 12 %).

Zu gudder Lescht mengen d’Lëtzebuerger éischter, datt hiert Land op Energieaspuerungen ugewise si sollt, ewéi aner Europäer (29 % géintiwwer 17 %). Déi lëtzebuergesch Befrot iwwer 64 Joer si besonnesch fir dës Optioun (38 %). Dat sinn 20 Punkte méi ewéi bei Befroten ënner 29 Joer (nëmmen 18 % si fir Energieaspuerungen als Prioritéit). Energieaspuerunge leie wäit iwwer enger erhéichter Roll fir Äerdgas (3 %).

Déi beléiftst Léisunge fir d’Bekämpfung vum Klimawandel ënner de Lëtzebuerger

D’Majoritéit vun de Lëtzebuerger (70 %) géif – änlech ewéi aner Europäer (69 %) – d’Aféierung vun enger Steier op Produkter a Servicer ënnerstëtzen, déi am meeschten zur globaler Erwiermung bäidroen. Esouguer 71 % vun de Befrote mat méi geréngen Akommesse géifen a Lëtzebuerg fir esou eng Steier stëmmen. D’Lëtzebuerger sinn ausserdeem fir eng Mindestgarantie vu 5 Joer op all elektresch oder elektronesch Produkter (94 %) an d’Ersetze vu Kuerzstreckeflich duerch séier, emissiounsaarm Zich (92 %). Si sinn och fir méi schwaach Moossnamen ewéi d’Stäerkung vun der Bildung an d’Sensibiliséierung vun der Jugend fir nohaltege Konsum (95 %).

De Kris Peeters, Vizepresident vun der EIB: "Eng wuessend Majoritéit vun de Mënschen a Lëtzebuerg fuerdert méi streng Moossnamen an Instrumenter fir d’Bekämpfung vum Klimawandel. Am Zuch vum lafende COP26-Klimasommet ass et wichteg, eis Ustrengungen ze verstäerken an de gréngen Iwwergang ze beschleunegen. Och a Lëtzebuerg ass d’EIB bereet, weider éiergäizeg nei Klimaschutzprojeten ze ënnerstëtzen, déi innovativ Léisunge fir d’Bekämpfung vum Klimawandel bidden an de Bierger en héijen Notze bréngen."

Luet d’Excel-Tabell mat de Réidate vun allen 30 befrote Länner hei erof. Klickt wgl. hei, fir den EIB-Internetsite opzeruffen, op deem déi wichtegst Resultater vun der EIB-Klimaëmfro IV virgestallt ginn.

Iwwer d’EIB-Klimaëmfro

D’Europäesch Investitiounsbank huet déi véiert Editioun vun der EIB-Klimaëmfro gestart, déi eng grëndlech Bewäertung vun der Astellung vun de Mënschen zum Klimawandel duerstellt. Déi véiert Editioun vun der EIB-Klimaëmfro, déi an Zesummenaarbecht mat der Maartfuerschungsentreprise BVA duerchgeféiert gëtt, soll déi méi breet Debatt iwwer Astellungen an Erwaardungen am Hibléck op de Klimaschutz ureegen. Tëschent dem 26. August an dem 22. September 2021 hu méi ewéi 30 000 Befroter un der Ëmfro deelgeholl, mat engem representative Panel fir jiddwereent vun den 30 befrote Länner.

D’Europäesch Investitiounsbank

D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen a befënnt sech am Besëtz vun den EU-Memberstaten. D’EIB vergëtt laangfristeg Finanzéierungsmëttel fir zolidd Projeten, déi den Ziler vun der EU esouwuel an Europa an doriwwer eraus entspriechen. D’Europäesch Investitiounsbank ass a ronn 160 Länner aktiv an zielt zu de weltwäit gréisste multilaterale Kreditgeeber fir Klimaschutzprojeten. Den EIB Group huet viru kuerzem hire Fuerplang fir d’Klimabank verofschitt, fir hir éiergäizeg Agenda ëmzesetzen, mat där se an den zéng Joer bis 2030 Investitiounen an de Klimaschutz an d’ecologesch Nohaltegkeet an Héicht vun 1 Trillioun Euro ënnerstëtzen a bis 2025 méi ewéi 50 % vun den EIB-Mëttel fir de Klimaschutz an d’ecologesch Nohaltegkeet bereetstellt ginn. Am Kader vum Fuerplang goufen zanter Ufank 2021 och all nei Operatioune vun der EIB Group un den Ziler a Grondsätz vum Paräiser Ofkommes ausgeriicht.

Iwwer BVA

BVA ass eng Meenungsfuerschungs- a Berodungsentreprise, déi als eng vun den innovativste Maartfuerschungsentreprisen a hirer Branche unerkannt ass. BVA ass op Verhalensmarketing spezialiséiert a kombinéiert Daten- a Sozialwëssenschaft, fir Daten inspiréierend ze gestalten an d’Liewen ze ruffen. BVA ass och Member vum Worldwide Independent Network (WIN) fir Maartfuerschung, engem globalen Netzwierk vu e puer vun de féierende Maartfuerschungs- an Ëmfroentreprisë mat iwwer 40 Memberen.